
Tom Duarte
Télévie 2020: Och beim Coiffer kann ee spenden
Et mussen net ëmmer Sue sinn, déi ee spent, heiansdo kënnen et och Hoer sinn...
Den Alex hat d'Iddi eppes ze spenden an domadder anere Leit weiderzehëllefen. Ma an dësem Fall sinn et keng Suen, mee seng eege laang Hoer. Sou Hoer ginn nämlech ëmmer erëm gebraucht, fir dorausser Parrécken ze maachen an zum Beispill kriibskranke Kanner iwwert déi schwéier Zäit ewechzehëllefen. Mir hunn den Alex bei dëser e bësse méi spezieller Télévie-Aktioun begleet.
https://rtl.lu/lifestyle/news/a/1387375.html